Actualités

Net méi laang bis de Kleesche kennt. Mat bësse Chance leeft de Mann mam Baart iech jo déi nächst Deeg iwwert de Wee. Wann der den 3. Dezember den Tram op der Gare huelt souguer ganz sécher.

Do wäert de Kleeschen nämlech a Begleedung vun der Museksgrupp „Saxitude“ mam Tram op d’Stater Gare kommen, fir do vun der Stad Lëtzebuerg an Empfang geholl ze ginn. Dono reest hie mat senger Entourage weider duerch Stad a verdeelt Titercher un d’Kanner.

Méi Informatiounen zum « Kleeschen on Tour »

> Voir toutes les actualités